D'Associatioun huet tatkräftegt mat gehollef an den Ermëttlungen an der Affaire vun den Affer vun der Kathoulescher Kierch an huet all déi Donnée gesammelt an virun un d'Affer ginn. Mir hunn d'Affer och moralesch ënnerstëtzt an och hunn mer hinnen d'Méiglechkeet ugebueden fir hir Dokumenter bei eis op Facebook online ze setzen. 


Eng eeler Dame vun Diddeleng huet besonnesch Hëllef néideg gehat. Hiren Mann ass schwéier Alzheimer krank an ass am Hospice zu Beetebuerg ënnerbruecht. D'Koppel huet Happ a Gutt missen verkafen fir Suen ze hunn déi néideg woren fir dem Här seng Behandlungen ze bezuelen. Hiert Haus an aner wäertvoll Saachen hunn de Proprietaire missen wiesselen, d'Koppel wor verpflicht eng Wunneng ze sichen an Loyer ze bezuelen. Wéi de Mann dunn zu engem kompletten Fleegefall ginn ass, wor d'Fra nach alleng do Heem. Hirem Mann seng ganz Pensioun geet drop fir d'Soin'en an den Hospice ze bezuelen. D'Fra muss den Mount auskommen mat 350€ RMG an 300€ Mammerent. Et ass evident datt eng Persoun net an eisem Land kann mat dem Akommes iwwerliewen an iwwert d'Ronnen kommen. Hier Famille huet eng Zäit laang den Loyer bezuelt an Si finanziell ënnerstëtzt, awer och hinnen sinn d'Mëttel ausgaangen, sou datt et komm ass wéi et huet missen kommen. De Loyer ass eng gutt Zäit net méi bezuelt ginn an den Dierwiechter ass vum Proprietaire ageschalt ginn. Eng Prozedur fir d'Fra op d'Strooss ze setzen wor vum Dierwiechter an d'Wee geleet ginn. Leit déi sech ëm d'Fra gekëmmert hunn, déi hunn versicht mat der Gemengenautoritéiten an mam Familljeministère ze schwätzen, ouni Erfolleg. Eis Associatioun ass gefrot ginn vun enger Persoun aus der Madame hirem Bekanntekrees, an mir hunn direkt en puer Bréiwer un d'Autoritéiten geschriwwen. No eiser Interventioun ass der Fra direkt gehollef ginn. Den Chef perséinlech vum Office Social huet gekuckt fir d'Fra ënnerdaach ze bréngen an den Dierwiechter souwéi och den Proprietaire hunn hier Fuerderungen op Eis geluecht.

REALISÉIERT

 

STARTSÄIT

 

GRËNNUNG

EIS ZIELER

FORUM

ONS HEEMECHT

KONTAKT

MEMBERSKAART + DON

 

 

 

 

 

EIS PROJETEN

REALISATIOUN

EVENTS

 

LINKS

 

DOWNLOAD BERÄICH