GRËNNUNG´S GESCHICHT

 

 

EIS PROJETEN

REALISATIOUN

EVENTS

 

LINKS

 

DOWNLOAD BERÄICH

 

 

STARTSÄIT

 

GRËNNUNG

EIS ZIELER

FORUM

ONS HEEMECHT

KONTAKT

MEMBERSKAART + DON

 

 

 Eis Associatioun ass entstanen duerch déi allgemeng Onzefriddenheet vu ville Landsleit déi sech zu Recht vir un allem duerch déi diskriminéiert Relatioun déi eis Regierung vis à vis zu hirem Vollek huet an iwwert eng net méi kontrolléiert Migratioun vu Wirtschaftsflüchtlingen aus allen Häre Länner geiergert hunn. Benodeelegung vun den Lëtzebuerger ass an ville Beräicher vum deegleche Liewen omnipräsent: um Aarbechtsmaart, bei deSozialversécherungen, bei den Familljenzoulagen a.s.w.

Och ass en Zouhuele vun der Diskriminatioun vun den Lëtzebuerger duerch Netlëtzebuerger fest ze stellen. A kengem anere Land vun der Welt ginn déi Eenheemesch derzou forcéiert, fir mat de Friemen an hirer Sprooch ze schwätzen. Des Onméiglech Situatioun gëtt vun eise Politiker ënnerstëtzt an ass net ze toleréieren. Eis Sproch, eis Kultur an eis Traditiounen hunn ënnert dem ganze politesch opgezwonge Multikulti enorm gelidden an riskéiere geschwënn der Vergaangenheet un ze gehéieren. Aus dem Grond hunn sech 8 daper Leit den 14/07/2011 getraff fir eng éischt Versammlung of ze halen fir géint des onzoumuttbar Situatioun vir ze goen. Et ass festgehal ginn dat et net drëms geet fir datt mir wëllen dat d'Auslänner all sollen Heem goen. Ganz am Géigendeel mir hunn guer näischt géint Si wann se sech dem Land wat hinnen en Heem an hiert deeglecht Brout offréiert den néidege Respekt entgéint bréngen an sech upassen. Leider ass dëst an ganz ville Fäll net Wouer an et gëtt och ëmmer méi Schwéier duerch déi vill ze vill grouss Ënnerscheeder tëscht dënne verschiddenen Natiounen a Kulturen, déi et well selwer schwéier hunn sech Géigesäiteg ze akzeptéieren an ze respektéieren. Et gouf festgehal dat des Organisatioun sech souwuel fir Lëtzebuerger prioritär an awer och fir Netlëtzebuerger soll asetzen. Dëst am sozialen Beräich an och an ännere Beräicher wou Leit an Nout geroden kënnen an op d'Sturheet vun den Verwaltungen stoussen.

Och ass déi ëmmer méi grouss Kriminalitéit an d'Noléissegkeet vun der Justiz vir dem Problem Här ze ginn en Thema gewiescht. Präisdeirecht an Wunnengsdeierecht déi duerch den € entstane sinn, sinn och ugeschwat ginn. Korruptioun an eisen Administratiounen an och an der Politik, an all déi grouss politesch Mëssbrauchskandaler.

No eiser 1ter Versammlung hunn mer eis eng 2te Kéier den 06/08/2011 getraff. Dësen Datum ass als offiziellen Grënnungsdatum vun der Associatioun ze gesinn. Mir sinn eis iwwert d'Ongereimtheeten eenz ginn, d'Statuen sinn fest geluecht ginn an Posten sinn verdeelt ginn.

D'Associatioun ass ënnert der N° F8891 offiziell den 26/08/11beim Handelregester agedroen als:

 ASSOCIATIOUN 1928 Lëtzebuerger Patrioten ASBL